Chargement Évènements

Chakra-Balance Session

Chakra 6

Description

CHAKRA BALANCE Session
Mëttwoch 12.10.22   18.30 – ca. 20.00 Auer
(op lëtzebuergesch)
am Centre Médical Nordstross (CMN) 1, Marbuergerstrooss (2e ét.), 9764 Marnach.

Chakren sinn Energiezentren, iwwer déi all Mënsch verfüügt.
Chakren beaflossen Zellen, Organer, den Hormonsystem
a wierken sech och op Gefiller a Gedanken aus.
Chakren sinn e wichtegen Deel vun eisem biologesche System.

Mir hu 7 Haaptchakren.
All Chakra schwéngt a senger eegener Frequenz,
fir Energie an de Kierperberäich ze saugen
an dës Energie dann am ganze System ze verdeelen.
Sinn eis Chakren net am Gläichklang,
kënnen physesch a psychesch Beschwerden entstoen.
Duerch den Ausgläich vun de Chakren an enger Chakra-Balance-Hypnose
gëtt den Energiesystem verbessert a Blockade kënne geléist ginn.
Chakra-Balance ass eng wierkungsvoll Méiglechkeet
fir Kierper, Gescht a Séil an d Gläichgewiicht ze bréngen.

Wëlls och du dech a Balance bréngen an zur Rou kommen?
An engem klenge Grupp entspanen
an zugläich Kraaft an Energie optanken?

-> Investitioun an dech selwer:
Iwwer e fräiwëllege klengen « Energieausgäich » als Merci fir d’Organisatioun
vun der Chakra-Balance Session géif ech mech freeën.

Du bass interesséiert?
Da schéck mir bis spéitstens Méinden 10.10.22 en E-Mail (info@cabinet-krausch.lu)  
mat Numm, Virnumm, E-Mail an Telefonsnummer a mellt dech esou verbindlech un.
-> Limitéiert Platzen!

–> Ech bieden dech, dech bequeem unzedoen,
eng Matt, e Këssen, eng Decken an ëppes ze drénken matzebréngen

Ech freeë mech, dech an der Chakra-Balance-Hypnose ze begleeden!

Karin Krausch
Cabinet Neie Wee
www.cabinet-krausch.lu

Date & heure

12 octobre 2022 @ 18:30 - 20:00

Coûts

Gratuit

Lieu

Centre Médical Nordstrooss (CMN) 1, Marbuergerstrooss (2e ét) 9764 Marnach
1, Marbuergerstrooss (2e ét.)
Marnach, 9764
+ Google Map

Organisateur

Cabinet Neie Wee-Karin Krausch
Téléphone :
+352 621 217446
E-mail :
info@cabinet-krausch.lu
Voir le site Organisateur
Langue

Luxembourgeois

Public cible

Grand public

Bénévole
Partenaire
Inscriptions

Ouvertes (Pour vous inscrire à cette action, veuillez contacter l’organisateur.)