
Feel the music – E flotte Start an d’Liewen duerch Musek

Description
E musikalesche Moment fir Famillje mat klénge Kanner, organiséiert vun SOS Kannerduerf Lëtzebuerg
Schonn am Mammebauch léiere mir Mënsche ganz fréi, ze lauschteren. Mir héiere Geräischer, Stëmmen, mir fille Pulsatiounen a Rhythmen. Eng Kéier op der Welt, genéisse mir et, wa mir an de Schlof gesummt ginn. Mir freeën eis, wa fir eis gesonge gëtt a scho fréi fanne mir Spaass drun, eis op Musek ze beweegen an ze danzen. Musek verbënnt Mënsche mateneen a si wierkt sech positiv op eist Erliewen an op eist kierperlecht an emotionalt Wuelbefannen aus.
Dëse musikalesche Moment soll dem Kand an den/m Elteren(deel) et erlaben, spilleresch mateneen a Kontakt ze sinn an ze spieren, wat Musek an eisem Kierper bewierkt a mat eis als Mënsch mëcht. E soll derzou ureegen, fir sech ze trauen, reegelméisseg mateneen a fireneen ze sangen, Musek ze maachen an ze danzen a soumat eng positiv Entwécklung vum psychesche Wuelbefanne bäi groussen a klenge Mënschen ze fërderen.
Wéini?
Méindes, den 10. Oktober 2022
9:30-10:15 Auer: Kanner vun 0 bis 1,5 Joer a Begleedung vun op mannst engem Elterendeel
11:00-11:45 Auer: Kanner vun 1,5 bis 3 Joer a Begleedung vun op mannst engem Elterendeel
Maximal Gruppegréisst: 15 (Kanner + Erwuessen)
Date & heure
10 octobre 2022 @ 09:30 - 10:15
Coûts
Langue
Luxembourgeois
Public cible
Grand public
Bénévole
Partenaire
Inscriptions
Ouvertes (Pour vous inscrire à cette action, veuillez contacter l’organisateur.)
