Chargement Évènements

Foyer Atert, een näit Doheem

Foyer Atert _Gebäude

Description

De Foyer Atert huet am Mäerz 2020 seng Dieren opgemaach an ass een Doheem (ee Wunn- a Liewensraum) fir 34 erwuesse Läit mat enger psychescher Behënnerung.

Am Foyer Atert gëtt eng 7/7 Deeg a 24/24 Stonne Betreiung duerch ee multidisziplinäert Team garantéiert.
Äis Bewunner hu wärend dem Dag d’Méiglechkeet an eisem interne « centre de jour » beschäftegt ze ginn. Déi ugebueden Aktivitéite ginn a reegelméissegen Ofstänn evaluéiert an un déi individuell Bedürfnisser vun eise Bewunner ugepasst.

Mir wëllen am Kader vun der « semaine de la santé mentale » eise Foyer virstellen an externe Läit d’Méiglechkeet ginn de Foyer Atert kucken ze kommen.

Mir fänke mat enger Begréissungsronn un a stellen de Foyer Atert unhand vun engem Kuerzfilm fir.
Dann gi mir duerch eise « centre de jour » a bidden 2 Atelier’en (ee Lehmatalier an eng psychomotoresch Stonn) un.
Dës interaktiv a praktesch Aktivitéite gi vun äiser Konschttherapeutin, vun äiser Psychomotricienne a vun e puer Bewunner begleet.
Zum Ofschloss maache mir nach eng kleng Feedbackronn, wou nach déi eng oder aner Froe kënne beäntwert ginn.

Date & heure

14 octobre 2022 @ 08:30 - 12:00

Coûts

Lieu

Useldange
16 rue d'Everlange
Useldange, 8707
+ Google Map

Organisateur

De Park
Téléphone :
2682-7985
E-mail :
ana.serrenho@chnp.lu
Langue

Luxembourgeois

Public cible

Grand public

Bénévole
Partenaire
Inscriptions