Cible : Enfants
Looss et eraus!!!
Dates et heures de l'action :
15/10/2024 : 14:00 - 16:00, -
Mir alleguer si gäre frou, da geet et eis gudd a mir fillen eis staark. Mee heiansdo si mir och traureg oder rosen. Dës Gefiller kënne mir net ëmmer gudd aushalen, mee si gehéieren zu eis Mënschen derzou.
An engem musikaleschen Nomëtteg beschäftege mir eis am Grupp mat eisen ënnerschiddleche Gefiller. Mir kucken a lauschteren, wéi mir si och ouni Wieder kënnen ausdrécken a wéi mir alleguer zesumme Léisunge fir emotional schwiereg Situatioune kënne fannen.
Mir benotzen Trommelen an aner Museksinstrumenter. Du brauchs awer keng musikalesch Virkenntnisser ze hunn, fir kënne matzemaachen! Mir freeën eis op dech!
Wéini? Dënsdeg, 15. Oktober 2024; 14:00-16:00 Auer
Wou? Salle des Sociétés, 14 rue d’Ettelbruck, L-7462 Moesdorf (Mersch)
Fir wien? 10 Kanner aus dem Cycle 2 (ouni Begleetpersoun)
Organiséiert vun: Sarah Guden, Musekstherapeutin a Musekspädagogin & Cathy Schmartz, Musekstherapeutin a Psychologin
Onkäschtebäitrag: 15€
Sprooch: lëtzebuergesch
Info langue(s) : Lëtzebuergesch
Catégorie(s) : Art et culture, Psycho, Santé
Type(s) : en présentiel
Organisateur
Cherchons bénévoles : Non
Cherchons partenaires : Non