
Online Virtrag: Mat Ënnerstëtzung vun Hypnose e neie Liewenswee starten

Description
Online Info-Virtrag: Mat Ënnerstëtzung vun Hypnose e neie Liewenswee starten
Hypnosetherapie gewënnt an der heideger Zäit ëmmer méi un Opmierksamkeet an Akzeptanz.
Hypnose ass e natierlechen an entspantenen Zoustand, an deem Dir Zougang zu Ärem Ënnerbewosssein huet an esou op eng angeneem Aart a Weis kënnt z.B al Mustere lassloossen, Vergaangenes verschaffen a Selbstheelungskräften aktivéieren.
Huelt um Virtrag online, gemittlech vun doheem aus, deel a fannt Äntwerten op folgend Froen:
- Wat ass Hypnose?
- Déi verschidden Mythen iwwer Hypnose
- Wéi ass den Oflaf vun enger Hypnosesëtzung?
- Wéi kann Hypnose bei mentale Problemer ënnerstëtzen?
- Wat bréngt mir Hypnose?
- Natierlech bleift och nach Zäit fir Är zousätzlech Froen.
-> Umelle kënnt dir Iech per E-Mail : info@cabinet-krausch.lu
(No der Umeldung kritt dir Zoom-Zougangsdaten per Mail matgedeelt)
Ech freeë mech Iech kënne beim Virtrag ze begréissen.
Karin Krausch
Cabinet Neie Wee
Hauptstrooss 14
L-9753 Heinerscheid (Hengescht)
www.cabinet-krausch.lu
Date & heure
10 octobre 2022 @ 19:00 - 20:30
Coûts
Gratuit
Langue
Luxembourgeois
Public cible
Grand public
Bénévole
Partenaire
Inscriptions
Ouvertes (Pour vous inscrire à cette action, veuillez contacter l’organisateur.)
