
Säi Selbstwäertgefill stäerken – och als Erwuessenen

Description
E staarkt Selbstwäertgefill ass wichteg fir sech wuelzefillen an zefridden ze sinn. Et gëllt och als bedeitsame präventive Facteur géint psychesch Krankheeten. Mee jidderee mécht Erfarungen, déi d’Selbstwäertgefill schwächen, oder kennt Selbstzweiwel, wéi zum Beispill: „Ech ka näischt“, „Ech si net gutt genuch“, „Keen huet mech gär“,„Déi Aner maachen dat besser“. Wann een dacks Angscht huet oder sech schummt, kann et och sinn dass dat un engem manner gudde Selbstwäertgefill läit. Mee déi gutt Noriicht ass: Et kann een och als Erwuessenen säi Selbstwäertgefill stäerken.
An dësem Atelier gëtt als éischt theoretescht Wëssen zum Selbstwäertgefill vermëttelt, andeems wichteg Begrëffer an d’Bedeitsamkeet vum Selbstwäertgefill ënnerstrach ginn. Et gëtt thematiséiert, wéi eng wäertschätzend Haltung sech selwer géigeniwwer ausgesäit an zum Wuelbefannen bäidréit. Duerno gi Beräicher virgestallt, an deenen d’Selbstwäertgefill eng besonnesch wichteg Roll spillt, zum Beispill den Ëmgank mat den eegenen Emotiounen an d’Kommunikatioun mat de Matmënschen. Unhand vu prakteschen Übungen a Beispiller gëtt den Afloss vum Selbstwäertgefill erlieft. Doraus ginn Iddien ofgeleet, wéi ee säi Selbstwäertgefill am Alldag stäerken oder oprechterhale kann.
Date & heure
15 octobre 2022 @ 09:30 - 12:00
Coûts
Gratuit
Langue
Luxembourgeois
Public cible
Grand public
Bénévole
Partenaire
Statut de l'événement
En préparation